Moien!
Ech sinn d’Anne vun Useldeng an ënnert dem Numm Lunaria hunn ech säit e puer Joer e klenge Blummegaart. Op mengem Site wëll ech gär meng Léift fir Blummen mat dir deelen. Meng Faszinatioun fir [gedréchent] Blummen hunn ech duerch Zoufall wärend der Coronapandemie entdeckt. Alles huet mat engem Artikel an enger Zeitung, e puer Tiitercher Som an e puer Experimenter ugefangen.
Elo séinen, zéien, planzen, ernten an drechnen ech en Deel vu menge Blummen, fir duerno Kreatiounen doraus ze maachen. En aneren Deel vu menge Blumme schneiden ech a maachen doraus fir Frënn a Famill frësch Bouqueten.
Schaffen am Gaart, mat den Hänn am Buedem gruewen an dem Rythmus vun der Natur ze folgen ass fir mech en idealen Ausgläich zu der Kappaarbecht, déi ech am Alldag maachen.

Et ass all Joer nees e Wonner, wéi sech aus e puer Käeren e ganze Gaart voller Faarwen a Freed kann entwéckelen, mee och wéivill “Geforen” eng Planz muss iwwerstoen, fir datt se grouss a schéi gëtt.
A mengem kreative Prozess mat de gedrechente Blummen probéieren ech och, vill Objeten weider ze benotzen, déi soss an der Poubelle geland wieren, wéi zum Beispill al Vasen oder Billerrummen.